De Vertrag soll bannent 5 Joer zum Ofbau vu praktesch allen Douane-Taxen tëscht béide Säite féieren.

Dernieft soll och den Déngschtleeschtungs-Secteur dervu profitéieren, well een Opträg op der jeeweils anerer Säit kéint unhuelen.

Ëmstridden ass d’Ofkommes, well gefaart gëtt, dass d’Aarbechtsrechter an europäesch Ëmwelt-Standarten net genuch kéinte geschützt sinn, an och eng Reguléierung vun de Finanzmäert mi schwéier kéint ginn.