Engem Rapport vum Europarot no goufen et am leschte Joer 140 gravéierend Iwwergrëffer op Journalisten an 32 vun de 47 Memberlänner.

130 Journalisten hätten Enn 2018 am Prisong gesiess, dovunner der eleng 110 an der Tierkei. Domadder wier d’Tierkei de weltwäit gréisste Prisong fir d’Press.