Nord Stream 2 soll Gas vu Russland erfort duerch d'Ostsee an Däitschland bréngen.

Nom Accord tëscht Frankräich an Däitschland, en Vue vun enger Reform vun der europäescher Gas-Direktive, huet och elo d'Europaparlament den neie Reegelen zougestëmmt, fir Pipelinen esou wéi d'Nord Stream 2.

Verschidden EU-Staaten an och den US-President Donald Trump gesinn de Projet ganz kritesch. Ënner anerem gëtt gefaart, datt Däitschland sech ofhängeg vu Russland mécht.