Den EU-Rotspresident Donald Tusk huet vu Groussbritannien nei Propositiounen zum Brexit gefuerdert.

Et géif ee weiderhin op konkret a realistesch Iddie vu London waarden, sot hien no enger Entrevue mam Chef-Negociateur Michel Barnier.

Déi britesch Premierministech Theresa May hat d’Parlament en Dënschdeg fir méi Zäit bei de Verhandlungen ëm den EU-Austrëtt gefrot.

Um Donneschdeg soll an der britescher Chamber iwwert eng Demande vun der Labour-Partei ofgestëmmt ginn. Déi fuerdert bis de 27. Februar e Vott am Parlament , oder den Deputéierten d’Kontroll iwwert den Austrëttsprozess ze iwwerloossen.