D'Theresa May huet um Donneschdeg den Owend alt nees eng Defaite am Parlament zu London missen erliewen.

Déi Kéier waren et 303 dergéint, 258 derfir. D'Euroskeptiker an der eegener Partei hunn der Premierministesch hir Brexit-Politik ofgestrooft a sech enthalen.
Mat deem Text sollten d'Decisioune vun enger Ofstëmmungsronn vun Enn Januar als Ganzt confirméiert ginn. Dat ass also lo net geschitt.

Zu dësen Decisioune gehéiert och de Refus vun engem No-Deal-Brexit.