Den EU-Kommissiounspresident kuckt net ouni Melancholie zeréck a suergt sech ëm säin Ierwe, dat hien dem nächste President wäert hannerloossen.

Dat goung en Dënschdeg aus senger Ried virum Landtag vu Baden-Württemberg ervir. Hien huet sech frustréiert gewise mat den Entwécklungen um europäesche Kontinent. "Ech sinn 2014 op Bréissel gaang, fir eppes opzebauen. An elo sinn ech mam Ofrappe beschäftegt", sou den Jean-Claude Juncker viru ronn 600 Leit zu Stuttgart.

De Brexit géing him genee esou wéineg Spaass maachen, wéi d'Diskussiounen iwwer Douanestaxen oder den Handelssträit mam US-President Donald Trump. Mä wien un Europa géing zweiwelen a verzweiwelen, dee soll mol eng Kéier op e Kierfecht fir Zaldote kucke goen, sou nach den Kommissiounspresident.