Déi britesch Premier Ministesch Theresa May an den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker hunn och no hirer Entrevue keng Léisung fir de Brexit.

Konkret ass et jo d'Backstop-Reegelung déi de briteschen Deputéierten een Dar am An ass. Si fuerderen, dass dës Reegelung – fir eng oppe Grenz tëscht Irland an Nordirland ze halen - zäitlech limitéiert gëtt. Dat wëll d'EU natierlech net, well de Backstop eng Garantie ass, dass et duerno keng Grenzkontrollen op der Plaz soll ginn.
Eng Léisung ass net a Sicht. A gutt 5 Wochen ass et awer sou weit. Den 29. Mäerz soll Groussbritannien d'EU verloossen.

Wann dat iwwerdeems ouni Accord geschitt, da riskéiert d'Insel méiglecherweis vun der amerikanescher Ratingsagence Fitch a senger Kreditwierdegkeet erofgestallt ze ginn. Sou heescht et e Mëttwoch nach an engem Communiqué vu Fitch, déi Groussbritannien dofir op d'Lëscht „Watch Negativ“ setzt. Mat der Bewäertung weise si ganz däitlech, dass d'Bonitéit vum Land kuerz virdrunner ass erof gesat ze ginn.