Den aktuelle President am Europaparlament Antonio Tajani wëll och no den Europawalen weiderhin op sengem Poste bleiwen.

Dat sot den Italiener der Funkemediengruppe. Sollt déi europäesch Vollekspartei no de Walen nees de President stellen, géif hien nees fir dëse Poste bereet stoen, esou den Tajani, deen zanter Januar 2017 un der Spëtzt vum EU-Parlament steet. Iwwerdeems huet den Italiener sech net dofir ausgeschwat, dem ungaresche Ministerpresident Orban seng Fidesz-Partei aus der EVP auszeschléissen. Wat de Brexit ugeet, huet den EU-Parlamentspresident erkläert, datt den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU héchstens ëm e puer Wochen kéint no hanne verréckelt ginn. Op jiddwer Fall missten d'Britten ee Grond fir dës Mesure nennen. Eng Modifikatioun vum bis ewell ausgehandelten Brexit, refuséiert den Tajani iwwerdeems.