Dat britescht House of Commons stëmmt en Dënschdeg op en neits iwwert de Brexit-Accord mat der EU of.

An dat nëmmen zwou Woche virum geplangten EU-Austrëtt vu Groussbritannien den 29. Mäerz. Ma och e Mëttwoch an en Donneschdeg stinn eng Partie wichteg Votten um Ordre du Jour.

Bis e Méindeg de Moien ass et der Premierministesch Theresa May awer net gelongen, fir Konzessioune vun der Europäescher Unioun ze kréien. D'Gespréicher wiere festgefuer an et géifen och keng Pläng ginn, fir eng Visitt vun der Theresa May beim EU-Kommissiounschef Jean-Claude Juncker, sou ee Vertrieder vun der britescher Regierung zu Bréissel. De Jean-Claude Juncker an di britesch Regierungscheffin hätten awer e Sonndeg den Owend mateneen telefonéiert. D'Negociateure si weiderhin a Kontakt.
Der Theresa May hir Chancen op en Accord vum britesche Parlament en Dënschdeg, wat d'Austrëttsofkommes mat der EU ugeet, ginn domat ëmmer méi kleng.

Sollt de Brexit- Accord en Dënschdeg op en neits verworf ginn, stëmmen Deputéiert e Mëttwoch driwwer of, ob Groussbritannien den 29. Mäerz ouni Ofkommes aus der EU soll austrieden. Sou ee Chaos-Brexit wëllen awer souwuel d'EU an déi britesch Regierung op alle Fall evitéieren. Kënnt et e Mëttwoch zu engem No-Deal, decidéieren d'Parlamentarier dann en Donneschdeg driwwer, ob eng Demande bei der EU agereecht gëtt, den Austrëttsdatum ëm bis zu 3 Méint ze reportéieren.