Am Mëttelpunkt steet den ëmstriddene Budget fir d'Eurozon. Mat um Dësch sëtzt och de Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna.

Decisioune ginn um Méindeg awer keng erwaart. Dat soll bis Juni de Fall sinn.

Ee weidere Sujet ass de Stand vun de Reformen, déi Griicheland bis ewell gemaach huet. D'EU-Kommissioun hat am Februar kritiséiert, dass verschidde Reformen nach net ëmgesat gi wieren. Dovun hänken allerdéngs weider Scholdenerliichterungen vu knapper enger Milliard Euro of.