D'Annegret Kramp-Karrenbauer géing Reformusätz an Europa blockéieren, sot de grénge Fraktiounschef Anton Hofreiter géintiwwer der Funke-Mediengruppe.

Hannergrond ass dat Europakonzept, fir dat d'CDU-Cheffin de Weekend Reklamm gemaach huet, Iddien déi de Reformpropose vum President Emmanuel Macron widderspriechen.