Saachbeschiedegung, kierperlech Gewalt, Beleidegunge bis hin zu Mord-Menacen.

Diskriminatioun géigeniwwer Judden uechter Europa huet an de leschte Joren nees radikal zougeholl. Dat beleeën Zuele vun enger rezenter Etüd aus der Europäescher Unioun. Lëtzebuerg ass hei och betraff.

AUDIO: Antisemitismus an Diskriminatioun/Reportage Tim Morizet

Zesumme mam Michael O'Flaherty, Direkter vun der Agence vir fundamental Rechter an der Europäescher Unioun, huet ee sech e Méindeg an der Chamber getraff, fir déi aktuell Situatioun uechter Europa ze diskutéieren. Lëtzebuerg huet den Ament d'Presidence an der internationaler Holocaust-Gedenk-Allianz.

D'Problemer geschaaft duerch Antisemitismus oder Diskriminatioun vu Leit mat aneren Hautfaarwe wieren e Problem fir jiddereen, esou de ireschen Direkter.

"D'Problemer vum Antisemitismus an Diskriminatioun géint Leit mat donkeler Hautfaarf an eiser Societéit sinn eis Problemer. A mir musse se léisen. Dat freet awer en héijen Niveau vu Verständnis a Sensibilitéit. Am Februar huet den Eurobarometer de Public zum Thema Antisemitismus befrot a vill manner Leit hunn Antisemitismus als e Problem consideréiert."

Dëst géif och eppes iwwert d'Perceptioun an der Educatioun vum Grand Public aussoen a wat an Zukunft eng Prioritéit misst duerstellen.

"Mir hu Judden 2013 ähnlech Froe gestallt wéi elo d'lescht Joer. An d'Situatioun ass e Stéck méi uerg. 90% vun de Judden, déi mer gefrot hunn, soten eis, datt Antisemitismus e seriöe Problem an eiser Societéit ass. Belästegungen, Diskriminatioun an d'Gefill, datt et souwisou kee Sënn huet, sech beim Staat opzereegen – et géif souwisou näischt geschéien. Dat huet eis erënnert, datt mer eng besser Aarbecht musse maachen, fir eis Minoritéiten ze ënnerstëtzen."

Zu Lëtzebuerg koum et 2017 zu 13 antisemiteschen Akten, dat si mol déi, déi gemellt goufen. Op politeschem Plang misst och eppes geschéien. Nees opklären, net vergiessen, wier wichteg.

"Investéiert a Sensibiliséierungscampagnen, re-investéiert an Holocaust Educatioun. Offréiert méi Sécherheet fir jiddesch Facilitéiten. Schafft mat jiddesche Leit zesummen, fir de beschte Wee no vir ze fannen."

Diskriminatioun duerch Glawen oder Hautfaarf begéint een dem Michael O'Flaherty no haaptsächlech op der Aarbecht. Ma och a Schoule géif et méi zu Tëschefäll kommen. Lëtzebuerg wier do net verschount a géif statistesch gesinn esouguer opfalen.

"Wat mer zu Lëtzebuerg gesinn, ass, datt d'Zuele vun der Diskriminatioun géint Afrikaner südlech vun der Sahara beonrouegend sinn a méi héich ewéi den EU-Duerchschnëtt. Do muss dono gekuckt ginn."

No der Visitt an der Chamber goung et fir den Direkter vun der FRA weider an de Forum Geesseknäppche fir en Debat mat Schüler iwwer Diskriminatioun an de Schoulen an um Internet.