Déi britesch Regierung huet um Méindeg den Owend Ännerungen am Deal mat der EU annoncéiert.

Mat Spannung gëtt um Dënschdeg nees op London gekuckt, wou d'House of Commons op en neits iwwert de Brexit-Accord ofstëmmt. Debatte fänkt um 13.45 Auer eiser Zäit un. De Vott gëtt fir 20 Auer erwaart.

Et sollen déi lescht Konzessioune sinn. Eng drëtt Chance kriten d'Britten net. Dat sot e Méindeg den Owend den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, nodeems hien eng Entrevue mat der britescher Premierministesch Theresa May hat. Wat ville briteschen Deputéierten een Dar am An ass, ass d'Reegelung iwwert de Backstop, do ënnert anerem d'Fro iwwert Grenzkontrollen tëscht Irland a Nordirland. An den Zougeständnisser déi d'May gemaach krut, heescht et datt de Backstop héchstens eng Iwwergangsléisung wier. Fir d'Deputéiert zu Westminister z'iwwerzeegen, datt dëst keng pauschal Aussoe sinn, mee wierklech Eescht ass, huet ee sech op e rechtlech verbindlecht Instrument gëeenegt. Donieft kruten d'Britten zougeséchert, datt d'Insel net éiweg un d'EU gebonne bleift. Ma esou kuerz virum Vott den Owend, stellt sech d'Fro op dës Konzessiounen de Parlamentarier duer ginn.

© RTL

De Vott en Dënschdeg ass de sougenannte “meaningful vote”. Wann dee passéiert, also Deputéiert mat de neien Zougeständnesser averstane sinn an hinne wäit genuch ginn, da verloossen d’Britten d’EU op eng gereegelt Manéier, mat engem Deal also. Wann dat net de Fall sollt sinn, gëtt e Mëttwoch iwwert een Austrëtt ouni Deal diskutéiert. Wann deen d’Majoritéit kritt, da klëmmt Groussbritannien de 29te Mäerz eraus, am Chaos.. Kritt dëse Vott net déi néideg Majoritéit, da stellt sech en Donneschden d’Fro ob de Brexit no hanne ka verréckelt ginn. Wann dee Vott net genuch Stëmme kritt, klammen d’Britten egal wéi den 29te Mäerz aus der Unioun eraus. Wann d’Deputéiert awer hiren Accord ginn, da muss déi britesch Premierministesch Theresa May eng Demande fir esou eng Verlängerung un d’EU stellen. Si wäert dann eng Verlängerung vum Artikel 50 invoquéieren, allerdéngs soll dës Verlängerung bis datt d’Vereente Kinnekräich aus der EU erausklëmmt, net méi laang wéi 3 Méint daueren, also just esou laang bis d’Europaparlament sech fir déi éischte kéier am Juli nees gesäit. Et bleiwen de Britte mat der Verlängerung 7 Optiounen, schreift d’BBC. Entweder gëtt zu engem spéideren Zäitpunkt nees eng Kéier iwwert den Deal ofgestëmmt, et gëtt kee Brexit, et kënnt op der Insel zu Neiwalen, den Deal gëtt re-negociéiert, et gëtt ee weidere Referendum, et gëtt keen Deal oder et gëtt ee Mësstrauensvott.

D’Optioun fir de Brexit nach ëmzekéieren, ass méiglech, och well den europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg esou enger Mesure de Feu vert ginn hat. Am Dezember zejoert, hat deen nämlech decidéiert, datt de Brexit eesäiteg vu Groussbritannien ka gestoppt ginn.
Haut um véierel fir 1 englescher Zäit, also véierel fir 2 Mëttes eiser Zäit fänken Debatten am House of Commons un. No 8 Auer Owes gëtt mam Vott gerechent. Experte ginn dovunner aus, datt 3 mol een negative Vott, iwwer déi nächsten Deeg, éischter onwahrscheinlech wäert sinn. De briteschen Oppositiounsleader Jeremy Corbyn huet iwwerdeems an der Nuecht d'Deputéiert dozou opgeruff, géint d'Ofkommes ze stëmmen, well d'Zougeständnesser déi d'May gëschter vun der EU gemaach krut, net dat wier wat d'Premierministesch dem Parlament versprach hätt.

Reaktioun vum Jean Asselborn op de Brexit

Et dierf een de Kompromëss den d'EU-Kommissioun e Méindeg den Owend a punkto Brexit gemaach huet, net ënnerschätzen. Dat sot de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn en Dënschdeg de Moien op Nofro vun de Journalisten zu Bukarest a Rumänien. Do ass den Ament eng informell Reunioun vun den europäeschen Ausse- respektiv Europa-Ministeren, wou ënner anerem och iwwer de Brexit geschwat gëtt.

AUDIO: De Jean Asselborn iwwert de Vott den Owend

D'Theresa May hätt gekämpft bis zum Schluss an et wär och richteg, dass d'Europäesch Kommissioun dorobber agaange wär, sou de Lëtzebuerger Ausseminister. Et géing sech elo den Owend weise wat Westminster dovunner hält. Hien géing de briteschen Deputéierten awer un d'Häerz leeën, sech bewosst ze sinn, wat dat do elo heescht, nämlech dass et déi lescht Chance ass, fir un engem No-Deal laanscht ze kommen. Dat misst ee wëssen. An dass een net de Populiste wéi Farage a Boris Johnson soll nolauschteren, mä dass een dat mëscht wat am Interessi ass vu Groussbritannien an der EU.

Et wier och kloer, dass elo béid Säite kënnen zur Rechenschaft gezu ginn, wann de ganze Prozess an d'Längt gezu gëtt. Groussbritannien kéint virun den europäesche Geriichtshaff op Lëtzebuerg bruecht ginn, wann de Brexit an d'Längt gezu gëtt, mee dorunner hätt d'EU och keen Interessi, sou de Jean Asselborn.