D'Deputéiert zu London hu géint de Virschlag vun der Premierministesch Theresa May gestëmmt.

éi britesch Premierministesch Theresa May huet op en neits mussen eng Defaite astiechen. Och am zweeten Ulaf gouf de Brexit-Accord en Dënschdeg am House of Commons mat grousser Majoritéit verworf. 391 Deputéiert hu géint d'Ofkommes gestëmmt, 242 dofir.

Den Oppositiounsleader Jeremy Corbyn huet de Brexit-Accord als dout erkläert.

Aus Siicht vun der EU geet d'Gefor vun engem net gereegelte Brexit domat weider an d'Luucht. Een No-Deal-Zeenario gëtt ëmmer méi probabel.

Um Mëttwoch kënnt dat britescht Parlament eng weider Kéier beieneen, fir iwwert en EU-Austrëtt ouni Accord ofzestëmmen. Sollt een No-Deal wéi erwaart verworf ginn, decidéieren d'Parlamentarier en Donneschdeg driwwer, ob den Datum vum Austrëtt soll reportéiert ginn.

U sech soll Groussbritannien den 29. Mäerz d'EU verloossen.

D'Theresa May huet en Dënschdeg de Fraktiounszwang an hirer Regierung opgehuewen. Si huet nach eemol drop higewisen, dass dee beschte Wee aus der EU auszetrieden, dee gereegelte wier.

Groussbritannien huet annoncéiert am Fall vun engem net gereegelten EU-Austrëtt Taxen op Importer drastesch ze reduzéieren. Wéi d'Regierung zu London um Mëttwoch de Moie bekannt ginn huet, sollen Taxen op 87% vun den Importer ewech falen. Donieft géif op Douaneskontrollen un der Grenz mat Irland verzicht ginn.

Den däitschen EU Kommissär Günther Oettinger geet dovun aus, dass Groussbritannien den Austrëtt aus der EU wëll op méi spéit verleeën. Et misst een ofwaarden, wéi eng Grënn London fir dëse Schrëtt nennt an dës dann iwwerpréiwen, sou den Oettinger géintiwwer der dpa. Hien huet sech awer optimistesch gewisen, dass et mat Hëllef vu sou enger Rallonge, den Accord tëscht London a Bréissel awer nach gréng Luucht kritt.

De Jean Asselborn reagéiert am "Morgenmagazin"

Et hätt een alles ginn, wat ee konnt ginn, sou den Ausseminister Jean Asselborn e Mëttwoch de Moien an engem Interview am ZDF-Morgenmagazin, an deem et ëm de Brexit-Accord goung. Dat britescht House of Commons huet jo op en Neits mat grousser Majoritéit géint dëst Ofkommes gestëmmt. 391 Deputéiert waren dogéint, 242 dofir.

Dem Jean Asselborn no kënnt et just dann zu enger Verlängerung, wann och eppes Gräifbares dohannert stécht. Et dierft net nëmmen op Zäit gespillt ginn, sou de Lëtzebuerger Diplomatiechef. E Mëttwoch nämlech kënnt dat britescht Parlament eng weider Kéier beieneen, fir iwwert en EU-Austrëtt ouni Accord ofzestëmmen. Sollt een No-Deal wéi erwaart verworf ginn, decidéieren d'Parlamentarier en Donneschdeg driwwer, ob den Datum vum Austrëtt soll reportéiert ginn.

De Jean Asselborn geet och net dovun aus, dass et zu engem zweete Referendum a Groussbritannien kënnt. Leit, déi dem britesche Parlament nostinn, géifen dann éischter op Neiwalen tippen, sou den Ausseminister um ZDF.
Et misst een elo jiddwerfalls no vir kucken, dem Brexit an d'Aen, dat maachen, wat nach ka fir d'Bierger gemaach ginn, dat heescht fir déi 3 Milliounen EU-Bierger a Groussbritannien an déi Millioune vu Britten, déi an aneren EU-Länner liewen. Deenen hiert d'Liewen dierft net duerch de Brexit zerstéiert ginn, huet de Jean Asselborn gefuerdert.
Op d'Fro, ob hien een zweete Referendum wëll, sot de Lëtzebuerger Diplomatiechef, dass et elo un de Britte wier, ze soe wat si wëllen. Ob hie selwer ee Referendum wéilt wier net wichteg, sou de Jean Asselborn, kloer wier awer, dass eng Léisung muss fonnt ginn, wou den No-Deal ka verhënnert ginn.