Déi Gréng kréien dëse Samschdeg zu Mutfert Walen, fir d'Parteispëtzt op hirem Europa-Kongress ze bestëmmen.

Wat sech zanter Wochen ugedeit huet, ass elo effektiv sou, nämlech datt den aktuellen Parteipresident Christian Kmiotek, dee sech fir seng eege Successioun stellt, 2 jonk Géigekandidaten huet. Dëst sinn den David Gawlik an den Athanase Popov, deen ewell ee vun de 24 Memberen am Exekutiv-Comité vun der grénger Partei ass.

Wat den zweete Parteipresident ugeet, deen de Statute vun der Partei no muss eng Fra sinn, sou ass d'Deputéiert Djuna Bernard déi eenzeg Kandidatin an domat de facto gewielt.

Déi Gréng hunn zanter Juni zejoert mam Christian Kmiotek nëmmen nach ee Parteipresident, dat nodeem sech d'Françoise Folmer onerwaart an aus "perséinleche Grënn" vun der Parteispëtzt zeréckgezunn hat. Si war deemools och am Gespréich, fir de Regierungsposten vum Camille Gira z'iwwerhuelen, dee stënterlech verscheet war. Dës Charge goung awer un den Claude Turmes.