Mat grousser Majoritéit huet sech dat britescht Parlament um Donneschdeg den Owend géint en 2. Referendum a fir e Verréckele vum Brexit ausgeschwat.

En Donneschdeg den Owend stoung am Parlament zu London nees de Brexit um Ordre du jour.

Et gouf eng ganz Rëtsch Ofstëmmungen, déi wichtegst dovu waren d'Fro no engem zweete Referendum an d'Fro iwwer en No-hanne-Verréckele vum Brexit.

Bei engem Vott um fréien Owend waren 334 Deputéiert géint en zweete Referendum, just 85 waren derfir.

Large Majoritéit duerno och fir e Verréckele vum Brexit-Termäin, den Austrëtt aus der EU sollt jo Enn Mäerz vollzu ginn: Mat 412 Stëmme géint 202 huet dat britescht Parlament derfir gestëmmt, dass d'Regierung May bei der EU e Verréckele vum Brexit-Datum freet, bis den 30. Juni.

Ob London mat der Demande, fir méi Zäit ze kréien, awer bei de 27 EU-Memberen duerchkënnt, ass ongewëss.

Gläichzäiteg war d'britescht Parlament och derfir, eng drëtte Kéier iwwer d'Ofkommes mat der EU ofzestëmmen.

Bei aneren Ofstëmmungen um Donneschdeg gouf et allkéiers just Majoritéite géint Initiativen.

Et gouf een aneren Amendement mat 16 Stëmmen Majoritéit (318 zu 302) verworf, fir de Brexit ze verréckelen an eng nei Approche ze woen, fir awer nach zu enger Léisung ze kommen, déi eng Majoritéit zu London fënnt. Dat war eng Propos vu Labour, déi awer refuséiert gouf.

D'Premierministesch Theresa May behält dann och bis op Weideres d'Kontroll iwwert de Brexit-Prozess. En Amendement, dat wollt, dass d'Parlament d'Kontroll iwwerhëlt, gouf mat nëmmen zwou Stëmme Majoritéit verworf: 312 waren derfir, 314 dergéint.

Dat britescht Parlament hat sech jo an de leschten Deeg souwuel géint deen neien Accord ausgesprach wéi och géint en Austrëtt aus der EU ouni Accord. Elo gouf also en zweete Referendum ausgeschloss an de Brexit soll verréckelt ginn.