D'britesch Premierministesch wëll den EU-Austrëtt vun Enn Mäerz op Enn Juni verréckelen. Den EU-Conseilspresident seet jo, ma den Deal misst gestëmmt ginn.

Ee méiglecht Verréckele vum Brexit beschäftegt d'EU Staats- a Regierungscheffen um Donneschdeg a Freideg op hirem Sommet zu Bréissel. D'Kris ëm den EU-Austrëtt vu Groussbritannien dominéiert deemno den EU-Fréijoerssommet, op dem eigentlech ganz aner Sujeten sollten traitéiert ginn.

Ee weideren zentrale Punkt soll eng Debatte iwwert déi zukünfteg Relatiounen tëscht der Europäescher Unioun a China sinn. Donieft stinn eng Stäerkung vum Bannemaart, Innovatioun, Klimaschutz an d'Lutte géint Falschinformatiounen virun den Europawalen op der Agenda. Lëtzebuerg ass bei den Diskussiounen duerch de Premier Xavier Bettel vertrueden.

De Brexit ass u sech op den 29. Mäerz festgeluecht, deemno a gutt enger Woch. Déi britesch Premierministesch Theresa May freet allerdéngs, dass den Austrëttsdelai bis den 30. Juni verlängert gëtt. Déi aner 27 EU-Länner mussen eestëmmeg dofir sinn. Den EU Conseilspresident Donald Tusk hält et fir méiglech, dass de Brexit ëm e puer Méint ka verréckelt ginn. Eng vun de Viraussetzunge wier awer, dass dat britescht Parlament den EU-Austrëttsaccord, dee schonn zweemol verworf gouf, dach nach unhëlt. D'Theresa May huet annoncéiert, dass Deputéiert op e neits sollen iwwert den Accord ofstëmmen. D'EU-Kommissioun huet awer hir Bedenken, wat ee Verréckele vum Brexit op den 30. Juni ugeet. Sollt Groussbritannien nämlech fir den Optakt vun den Europawalen den 23. Mee nach Member vun der EU sinn, misst d'Land bei de Walen matmaachen, wat déi britesch Premierministesch awer refuséiert.

Wärend enger Deklaratioun e Mëttwoch den Owend, huet si d'Parlament zu London fir de Retard vum EU-Austrëtt responsabel gemaach.

Den Donald Tusk mengt e Mëttwoch den Owend, dass een zäitlech kuerzt Verréckele vum Brexit méiglech ass, wann dat britescht Parlament fir den Austrëttsaccord stëmmt.

Bis elo war jo de Datum, op deem Groussbritannien aus der EU sollt austrieden, den 29. Mäerz.

Och Juncker verweist op Accord

Ob de Brexit reportéiert gëtt, decidéiert sech eréischt kuerz virum 29. Mäerz - där Meenung ass op alle Fall den EU-Kommissiounschef Jean-Claude Juncker. Hie rechent net domat, dass um EU-Sommet en Donneschdeg a Freideg zu Bréissel eng Decisioun fält. Dat sot hien e Mëttwoch de Moien um Deutschlandfunk. Fir d'éischt misst déi britesch Premierministesch Theresa May den Accord vun hirem Parlament iwwert de Brexit-Accord an der Wallis hunn.

Eng Chef-Spriecherin vun der EU-Kommissioun huet um Mëttwoch de Moien am Numm vum Jean-Claude Juncker geschriwwen: "Kee Bréif vum Theresa May nach kritt. Hunn alles gemaach, fir Groussbritannien entgéintzekommen, mä nach ëmmer keng Gréng Luucht fir de Brexit-Deal. EU-Conseil kéint d’nächst Woch nach emol zesummekommen, mä d’Gedold geet sou lues op en Enn."

Antëscht ass de Bréif vum Theresa May beim Donald Tusk ukomm.