Dat huet de Comité vun der konservativer Parteiefamill mat grousser Majoritéit e Mëttwoch zu Bréissel decidéiert.

AUDIO: Fidesz vs EVP: De Reportage vum Jeannot Ries

Déi rietsnational ungaresch Fidesz-Partei gouf virleefeg als Member vun der Europäescher Vollekspartei EVP suspendéiert. Ganz ausgeschloss gouf se awer net.

"Am Fall wou mer kee Kompromëss fannen, trieden ech zeréck", hat den EVP-Chef Joseph Daul virum Vott gesot.

Ee Grupp vun Experten, ënnert der Leedung vum fréieren EU-Conseilspresident Herman Van Rompuy, soll elo decidéieren, wéini an ob d'Partei vum ungaresche Premier Viktor Orban nees ka Member ginn. Dat huet den EVP-Chef Josepfh Daul op Twitter bekannt ginn. En Austrëtt vum Orban senger Partei schéngt deemno den Ament mol vum Dësch ze sinn.

Den ungaresche Premier huet d'Decisioun begréisst a sech erliichtert gewisen. D'EVP an d'Fidesz hunn sech zesummen drop gëeenegt, d'Affiliatioun virleefeg op Äis ze leeën. Den Text hunn d'Delegéierte vun de Memberparteien mat 190 Jo an nëmmen 3 Géigestëmmen ugeholl. Souguer den Orban selwer huet dofir gestëmmt. Dat heescht, dass d'Fidesz vun elo un net méi duerf bei Reuniounen vun der EVP dobäi sinn, kee Stëmmrecht méi huet a keng Kandidate fir EVP-Posten duerf nominéieren.

Den CSV-Parteipresident Frank Engel huet sech an enger éischter Reaktioun zefridde gewisen. Dat heite wier en eemolege Moment an der Geschicht vu Fidesz an der EVP, sot den CSV-Parteipresident gëscht Owend am RTL Interview.

Den CSV-Parteipresident Frank Engel hat d'Feeler vum Viktor Orban opgezielt an den Ausschloss vun der Fidesz gefuerdert - a kee Kompromëss.

Iwwerdeems hat de Spriecher vum Viktor Orban annoncéiert, datt d'Fidesz am Fall vun engem temporären Ausschloss d'EVP direkt ganz verloosse géif.