Wéi britesch Medie mellen, wéi d'Sunday Times, géifen et ëmmer méi Stëmmen an der Regierung ginn, déi de Récktrëtt vun der Premierministesch fuerderen.

Et géif Pläng ginn, déi de Chef vum Cabinet, den David Lidington, als Interims-Premier virgesinn. 11 Minister hätte sech scho fir dëse Changement ausgeschwat, wéi eng dat sinn, schreift d'Zeitung net. E Méindeg sollt d'May mat de Revendicatioune konfrontéiert ginn, heescht et weider.

Wéi d'Daily Mail schreift, géif och den Ëmweltminister Michael Gove net onintresséiert un der Successioun vun der Theresa May sinn.

Den Drock op d'May wiisst also. E Samschdeg sinn och iwwert eng Millioun Britten zu London op d'Strooss gaangen, fir hei fir een zweete Referendum ze manifestéieren.

D'Police wollt keng Zuele kommentéieren. Ma den Organisateur vum "People's Vote March" schwätzt vun enger vun de gréissten Demonstratiounen an der Geschicht vun der britescher Insel.