D'KPL hat e Sonndeg de Kongress fir d'Europawalen. D'Kommuniste fuerderen ee "Retour à la case départ".

D’Annulatioun vum Traîté vu Maastricht, d’Ophiewe vu sämtlechen Decisiounen, déi zu Sozialofbau a Massenaarbechtslosegkeet géinge féieren, d’Ausschaffe vun enger gemeinsamer Immigratiounspolitik - dëst sinn eng Rei vun de Fuerderungen mat deenen d’Kommunisten an d’Europawahle ginn.

Op hirem 34. Kongress zu Rëmeleng goufen déi 6 Kandidaten, déi am Mee mam Accord vum Zentralcomité an d’Course geschéckt ginn, presentéiert.

Spëtzekandidat ass den Ali Ruckert, och mat op der Lëscht: Elise Nunes, Rejhan Agovic, Esther Reuland, Alain Herman a Marceline Waringo.

AUDIO: D'KP an d'Europawalen: Rep. Monique Kater
VIDEO: Vun der DKP bei d'KPL: Invité aus Däitschland
De Günter Pohl vun der DKP, Invité um Kongress, iwwer europäesch Flüchtlingspolitik, dat Soziaalt an de Chômage an der EU.