Bei der Prägung vun enger spezieller 50-Pence-Mënz ass Groussbritannien e Malheur geschitt. Hei gouf nämlech de 29. Mäerz als Datum vum Brexit aggravéiert.

D'Mënz war an sech dofir geduecht d'Britten un den EU-Austrëtt, dee jo vum Vollek gewielt gouf, z'erënneren. Dass den Datum vum 29. Mäerz, deen elo op der Mënz steet, guer net agehale kéint ginn, dorunner hat viru gutt engem Joer wuel kee geduecht.

Elo ass et op alle Fall ze spéit, "Royal Mint", déi offiziell Agence fir d'Prägung vun de Mënz, huet den Datum elo fir ëmmer op der Mënz veréiwege gelooss an erënnert d'Britte just nach un de Chaos ëm den Austrëtt an dass dësen Datum net konnt agehale ginn.

E geneeën Austrëtt ass bis ewell nach net kloer, ma den 29. Mäerz kann als Datum definitiv ausgeschloss ginn, dat well d'Premierministesch Theresa May jo och e méi spéiden Datum ugefrot huet.

De Finanzminister vu Groussbritannien, de Philip Hammond, huet d'Produktioun vun der Mënz 2018 ugekënnegt, dat gréisstendeels op Drock vun de Brexit-Hardliner a verschiddene Medien. Elo hëlt hien et mat Humor a mengt, dass d'Mënzen elo eventuell e Sammlerwäert géife kréien.

De Verlaf vum Brexit ass op alle Fall alles anescht wéi veréiwegt a steet bis ewell jo nach an de Stären. D'Diskussiounen a Groussbritannien an op EU-Niveau lafe jo op Héichtouren.