Fir datt d'Zäitëmstellung awer wierklech ofgeschaf gëtt, ass nach e Kompromëss tëscht de Memberstaaten néideg.

D'EU-Parlament zu Stroossbuerg huet sech en Dënschdeg de Moie fir en Enn vun der Zäitëmstellung am Joer 2021 ausgeschwat.

D'Deputéiert hu sech dorop gëeenegt, ma fir datt et wierklech zu engem Enn vun der Zäitëmstellung kënnt, mussen déi eenzel EU-Memberstaaten och nach e Kompromëss fannen ...

An enger EU-wäiter Ëmfro hate sech 84% vun de Leit derfir ausgeschwat, datt d'Zäit net méi soll geréckelt ginn. 4,6 Millioune Mënschen hate mat ofgestëmmt.

Déi normal Zäit ass bei eis d'Wanterzäit. An där si mer grad ... an apropos: D'Auere ginn den nächste Weekend op Summerzäit gestallt, also an der Nuecht vum Samschdeg op de Sonndeg vun 2 op 3 Auer no vir.