Amplaz 250 Ënnerschrëfte gouf et déi vun engem bloen Deputéierten. Ënnert de Kandidate sinn de fréiere Rektor Rolf Tarrach an de Christopher Lilyblad.

D'Gesetz ass eendeiteg: Wien eng Lëscht deposéiere wëll, fir bei Walen unzetrieden, dee brauch entweder d'Ënnerschrëfte vun 250 Wieler oder awer déi vun engem Deputéierten, entweder vum Krautmaart oder vu Stroossbuerg.

Esou heescht et am Artikel 291 vum Walgesetz:

Les listes sont constituées par les groupements de candidats qui, par une déclaration signée par eux, acceptent leur candidature, et sont présentées conjointement, soit par deux cent cinquante électeurs, soit par un membre du Parlement européen élu au Grand-Duché de Luxembourg, sortant ou en fonction, ou par un député, sortant ou en fonction.

De Mouvement "Volt" huet sech fir de Wee vun der Deputéiertenënnerschrëft entscheet - an zwar déi vum Max Hahn. Den DP-Deputéierten huet RTL confirméiert, datt hie fir "Volt" ënnerschriwwen huet.
Et ass eng Selbstverständlechkeet als Member vun der demokratescher Partei och en demokrateschen Geste ze maachen fir d'Parteie Villfalt ze vergréisseren. Dat sot den DP Deputéierten Max Hahn de Mëtteg nodeems et gëscht d'Nouvelle war dat hien mat senger Ënnerschrëft d'Europa-Lëscht vum Mouvement "Volt" méiglech mëscht. Hie wier vum Mouvement kontaktéiert ginn an hätt net gezeckt fir seng Ënnerschrëft als Deputéierten ze ginn.

Et wier seng Iwwerzeegung, dass eng Partei net Wale gewënnt, andeems een et anere Parteien schwéier mécht, mä et gewënnt een mat engem bessere Programm, mat bessere Kandidaten. Et géif och an der DNA vun der DP leien, anere jonke Parteien ze hëllefen, fir sech kënnen opzestellen. Ënnert anerem hätt een dat beispillsweis op nationalem Niveau och scho mat de Kommuniste gemaach.

AUDIO: Den DP-Deputéierten Max Hahn

E Geste vun Demokratie nennt de Max Hahn deemno seng Decisioun, déi dem DP Deputéierten bis ewell nach net vu senge Partei Kollegen kommentéiert gouf.

Domat kann de Mouvement "Volt" bei den Europawale matmaachen. RTL-Informatioune mat enger kompletter Lëscht mat 6 Kandidaten.

Wien ass op der Lëscht?

Et goung ganz schëtzeg: Nodeems de Betzder CSV-Conseiller Christopher Lilyblad eréischt um Samschdeg aus senger Partei ausgetrueden ass, huet den 30 Joer ale Mann schonn eng nei politesch Heemescht fonnt.

RTL-Informatiounen no kandidéiert den aktuellen Ost-Conseiller nämlech bei der Europalëscht vum europawäite Mouvement "Volt", dee sech jo och hei am Land gegrënnt huet.

Den Här Lilyblad, deen no enger kuerzer berufflecher Carrière beim Cercle de Coopératioun eng eege Consulting-Firma huet, ass dem lokale Koalitiounsaccord no u sech virgesinn, fir 2020 e Schäffeposten zu Betzder z'iwwerhuelen.

Mat vertrueden op dëser Lëscht nieft dem Ex-CSV-Mann Christopher Lilyblad och de fréieren, laangjärege Rektor vun der Uni Lëtzebuerg, Rolf Tarrach.

Komplett Lëscht:

● Fiona Godfrey
● Marthe Hoffmann
● Christopher Lilyblad
● Julia Pitterman
● Daniel Silva
● Rolf Tarrach

Wat ass "Volt"?

D'paneuropäesch "Volt"-Partei gouf 2017 an Éisträich gegrënnt a baséiert sech op d'Deklaratioun vun Amsterdam, déi sech zum Zil gesat huet, fir Europa nees ze "reparéieren" an eng nohalteg europäesch Communautéit ze schafen.

D'Zil vu "Volt" ass et, fir op d'mannst 25 Deputéiert aus 7 Länner op Stroossbuerg ze schécken, fir sou kënnen eng Fraktioun ze grënnen.

Deemno wäerten hei am Land op d'mannst 10 Parteien oder Mouvementer hir 60 Kandidaten an d'Course fir d'Europawalen de 26. Mee schécken - bis dëse Mëttwoch den Owend mussen déi komplett Lëschte beim Stater Bezierksgeriicht deponéiert ginn.

VIDEO: “Volt” zu Schengen
Als Reaktioun op de Populismus huet sech déi pan-europäesch Partei "Volt" gegrënnt. Déi och zu Lëtzebuerg wëll Kandidaten an d‘Walen schécken.