Wuel hätt een eng Unitéit, déi géint Desinformatiounen aus Russland virgeet, ma géint Campagnen aus der EU kéint ee wéineg ausriichten.

D'Memberstaate vun der Europäescher Unioun fanne virun der Europawahl keen effikasst Mëttel géint Desinformatioun am Internet. Dat geet aus enger Recherche vum europäesche Journalistereseau ''Investigate Europe'' ervir, déi um Sonndeg am däitschen Tagesspiegel publizéiert gouf.

Deemno wär eng Unitéit aus dem europäeschen Déngscht fir déi extern Affären, gréisstendeels ouni Wierkung, wëll se sech op d'Desinformatioun aus Russland konzentréieren misst. Géint Campagnen, déi d'EU attackéieren, vu bannent der Unioun, kéint dës Unitéit net vill maachen. Hei si virun allem Desinformatiouns-Campagne vu Parteien oder EU-feindleche Medie gemengt.