Duerch d'Reform däerfen Internetplattforme wéi Youtube, Google oder Facebook keng Contenue méi eroplueden, déi protegéiert sinn.

D’Reform war laang ëmstridden. Elo trëtt se definitiv a Kraaft. Bis elo war et esou, datt d’Internetnotzer selwer responsabel ware fir Inhalter, déi se op Onlineplattformen eropgelueden hunn. Dat ännert sech elo.

Mat der neier Direktiv sinn et elo grouss Firme wéi Google a Facebook, déi sécherstelle mussen, datt d’Auteursrechter respektéiert ginn.

Kritiker fäerten, dass dëst elo dozou féiert, datt an Zukunft sougenannten Uploadfilteren am Virfeld kucken op e Wierk geschützt ass. Wann dat de Fall ass, ginn d’Inhalter net verëffentlecht. D’Fräiheet am Internet wier a Gefor.

D’Europaparlament hat Enn Mäerz mat 348 géint 274 Stëmmen derfir gestëmmt. Déi Lëtzebuerger Deputéiert hunn all dogéint gestëmmt. Genee wéi Lëtzebuerg um Méindeg de moien am Conseil.

Wéi een Impakt déi nei Richtlinn wäert op d’Onlineplattformen hunn, bleift weiderhin schwéier ofzeschätzen.

D'Direktive muss bannent zwee Joer an nationaalt Recht ëmgesat ginn.