Déi Leit, déi op Mëssstänn ewéi Korruptioun oder Steierbedruch hiweisen, solle vun engem gewësse Schutz kënne profitéieren.

Si sollen zum Beispill hir Aarbecht net verléieren. Approuvéiert gouf de Kompromëss, dee mat de Memberlänner fonnt gi war. E Stufesystem war zeréckbehale ginn, bei deem Verstéiss fir d'éischt intern gemellt solle ginn.