Dausende Leit hunn e Freideg op en neits an enger Partie europäesche Länner fir méi Klimaschutz demonstréiert.

A Groussbritannien huet d'Police an tëscht bal 600 Aktiviste festgeholl. Déi meescht hate Stroossen oder Brécke blockéiert.

Bei enger Demo an der italienescher Haaptstad Roum huet och déi 16 Joer al Schwedin Greta Thunberg deel geholl an huet ugekënnegt nächst Woch bei de Protester zu London dobäi ze sinn.