Wa Regierunge Behaaptungen iwwert d'EU oder d'Kommissioun an d'Welt setzen, déi der Wourecht net entspriechen, da musse mer reagéieren.

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet annoncéiert, decisive géint Lige wärend dem Walkampf fir d'Europawale virzegoen. Hie géif dat an den nächste Woche virun der Wal och selwer ëmmer méi dacks maachen. Dat sot de Jean-Claude Juncker den Zeitunge vun der Funke Mediengruppe an hiren Editioune vun e Méindeg.

Hien huet viru Manipulatiounsversich gewarnt, och aus Memberlänner vun der EU. Och Länner bannent der EU géife probéieren, de Wielerwëlle mat Fake-News an eng bestëmmt Richtung ze dirigéieren.