D'Wieler an Europa kéinten d'Europawalen dofir notzen, fir sech bei der Politik ze revanchéieren.

Eng Europawäit Ëmfro ënnert iwwer 20.000 Walberechtegten huet erginn, dass vill Europäer hir Decisioun net onbedéngt vun enger bestëmmter Partei ofhängeg maachen, mä éischter, ob si géint eng Partei sinn.

Donieft huet sech erausgeschielt, dass d'Sympathisante vun extremen an europakritesche Parteien méi staark mobiliséiert sinn, wéi déi vun der politescher Mëtt.

D'Ëmfro gouf op Initiative vun der Bertelsmann-Stëftung duerchgefouert. D'Resultater ginn um Freideg zu Berlin presentéiert. Fir d'Etüd "Europa huet d'Wiel", goufen an 12 europäesche Länner iwwer 23.000 Walberechtegter gefrot.