Iwwert verschidde Fërderprogrammer vun der europäescher Unioun sinn an de lescht Jore Milliounen Euro an de Lëtzebuerger Fuerschungsstanduert gefloss.

Elleng iwwert de regionalen Entwécklungshëllefsfong vun der europäescher Unioun ginn 23 Recherche an Innovatiounsprojeten zu Lëtzebuerg kofinanzéiert, dat an enger Héicht vun 18,5 Milliounen Euro.

Den Zentrum fir Systembiomedezin zu Belval krut tëscht 2009 an 2012 2,7 Milliounen Euro fir d’ Infrastruktur vum Labo, knapp een Drëttel vun de Käschten.

Zanter 2014 goufen iwwert den Horizon 2020 Programm vun der EU 300 Projeten zu Lëtzebuerg finanzéiert, wat iwwer 100 Milliounen Euro sinn. Luxinnovation hëlleft Fuerscher fir europäesch Suen ze kréien. De Lëtzebuerger Standuert ass international. Bei de Fuerschungsprojete schaffen d’ Chercheure kollaborativ, esou de Benjamin Questier vu Luxinnovation.

De Physiker Daniele Brida krut ee Laser vun der EU zum Deel finanzéiert: “D’ Europäesch Unioun huet d’ Méiglechkeet Grondlagefuerschung ze finanzéieren, wat villäicht op en éischte Bléck manner interessant ass, well d’ Resultater eréischt méi spéit kommen. Et ass awer d’Grondlagefuerschung déi d'Mënschheet weider bréngt, an 20, 30, 40, 100 Joer.”

An d’ Landwirtschaft géife proportional ëmmer manner Sue fléissen, dofir méi an d’ Fuerschung. D’ Physiker vun der Uni Lëtzebuerg analyséieren awer beispillsweis och wei Planzen d’ Luucht vun der Sonn an Energie kennen ëmwandelen, vun esou Projete géif och den Agrarsecteur profitéieren.

2017 huet Lëtzebuerg 307 Milliounen Euro an den EU-Budget abezuelt. Ob der Säit vun den Ausgaben huet d’ Europäesch Unioun fir de Grand-Duché iwwer 1,8 Milliarden Euro ausginn. 80 Prozent dovu fir d’Institutioune mat Sëtz zu Lëtzebuerg. 3 Prozent sinn un d’ Landwirtschaft gaangen,  mat 11 Prozent mécht de Volet Fuerschung an Entwécklung e groussen Deel aus.