D'Aarbechtsrecht zu Lëtzebuerg wier scho gutt, seet den Dan Kersch. Well hei all d'Stonnen an engem Regëster musse festgehale ginn.

"D’EU-Memberstaate mussen hir Entrepreneren zwéngen, e System op d’Been ze stellen, fir déi deeglech Aarbechtszäit ze moossen."Dat ass graff resuméierten d'Uerteel vum europäesche Geriichtshaff, dat en Dënschdeg publizéiert gouf.

Fir Lëtzebuerg ass dat Uerteel net “katastrophal“, seet den LSAP-Aarbechtsminister am RTL-Interview. Dem Dan Kersch no wier Lëtzebuerg scho „relativ gutt opgestallt, well mir haut schonn am Lëtzebuerger Aarbechtsgesetz stoen hunn, datt een all déi Stonnen an engem Regëster muss festhalen“.

Dat géing awer net heeschen, „datt dat wat do ass net nach ka verbessert ginn“. Géing sech erausstellen, datt zousätzlech Mesuren noutwendeg wieren, „da wäerte mir ee vun deenen éischte Länner sinn, déi dat wäerte maachen“, sou den Aarbechtsminister. Traditionell géing een dat zesumme mat de Sozialpartner maachen.

Zur Schwieregkeet gewëss Tâchen zäitlech z’erfaassen, seet den Dan Kersch: „et geet hei drëms, Mechanismen op d’Been ze stellen, fir ze garantéieren, datt dat wat mir festgehalen hunn och esou ëmgesat gëtt“.

D’Erfaasse vun den Aarbechtszäite werft jee no Aarbecht oder Secteur vill Froen op, notamment wat den Télétravail ugeet. Weider ass et aus Dateschutzreegelen och komplizéiert.

Den Dan Kersch geet dovunner aus, datt nom Uerteel d’europäesch Aarbechtsministere wäerten doriwwer diskutéieren. "Falls op europäeschem Niveau nei Reglementer oder Direktive misste gemaach ginn, da géing een deem net am Wee stoen“.

Traditionell, wann et ëm Aarbechtsrecht geet, si mir net déi lescht an der Rei“, sou d’Konklusioun.

Den Artikel op Legilux

Liest hei de ganzen Artikel no

«Art. L. 211-29.» (Loi du 14 mars 2017) «L’employeur est tenu d’inscrire sur un registre spécial ou sur un fichier le début, la fin et la durée du travail journalier ainsi que toutes les prolongations de la durée normale du travail, les heures prestées les dimanches, les jours fériés légaux ou la nuit ainsi que les rétributions payées de l’un ou de l’autre de ces chefs. Ce registre ou fichier est à présenter à toute demande de la part des agents de l’Inspection du travail et des mines.»