Deemools huet de Conseil op Drock vum Parlament de Spëtzekandidat-System zréckbehalen, och wann dësen net explizit am Lissabonner Vertrag virgesinn ass.

Soll d'Regierung sech kloer fir de System vun de Spëtzekandidate fir d'Presidence vun der EU-Kommissioun bekennen, eng Motioun vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar huet dat gefuerdert, gouf allerdéngs mat de Stëmme vun der Majoritéit a vun der ADR refuséiert. De Spëtzekandidate-System gëtt et eréischt zanter de leschten Europawalen 2014, e gëtt allerdéngs kritiséiert.

AUDIO: System vun de Spëtzekandidate - Rep. Fanny Kinsch

Deemools huet de Conseil op Drock vum Parlament de Spëtzekandidat-System zréckbehalen, och wann dësen net explizit am Lissabonner Vertrag virgesinn ass. Deemno soll de Spëtzekandidat vun där Partei, déi am meeschte Sëtz am Parlament kritt, Kommissiounspresident ginn. 2018 huet d’EU-Parlament annoncéiert, datt et just ee vun de Spëtzekandidaten als Kommissiounspresident acceptéiere géif.

D'lescht Woch huet de liberale Premier Xavier Bettel um EU-Sommet zu Sibiu a Rumänien de System allerdéngs kritiséiert, e géif just Sënn maachen, wann een och transnational Lëschten hätt. Ënner anerem dës Ausso huet de CSV-Deputéierte Laurent Mosar zu senger Motioun inspiréiert.

"Mir froen, datt hei e Prinzip deen eis alleguerte wichteg ass, deen dem Europaparlament wichteg ass, vun der Regierung, an déi vertrëtt Dir, Här Staatsminister, datt déi bei deem Conseil européen vertruede gëtt."

Déi eenzeg Partei, déi sech explizit géint d'Motioun ausgeschwat huet, war d'ADR – den Deputéierten, a Kandidat fir d’Europawale Fernand Kartheiser."Mir si géint de Spëtzekandidatesystem, als europäesch Konservativ hu mer awer ee gemaach. Firwat hu mer dat gemaach? Well een doduerch méi Mediepresenz huet.

Déi Gréng hu sech dem System géigeniwwer skeptesch gewisen, wichteg wier virun allem, datt de Kommissiounspresident eng Majoritéit am Parlament mobiliséiert kréich. D'LSAP huet fonnt, d'CSV-Motioun wier selwer net transparent, well se d'Méiglechkeet, een anere Kommissiounspresident ze nenne wéi e Spëtzekandidat, net ganz ausschléisst.

Den Lénk-Deputéierte Marc Baum huet dat anescht interpretéiert.

"Dës Motioun freet eigentlech d'Regierung d'Positioun vum Parlament, déi d'Europaparlament ageholl huet, innerhalb vum Conseil ze verdeedegen, a just als allerleschte Recours, wa wierklech keng aner Optioun do ass, en anere Wee anzegoen."

Och d'Piratepartei huet sech fir d'Motioun ausgeschwat, de Sven Clement huet allerdéngs drop higewisen, datt een och nach méi wäit goe wéilt.

"Mir wäre frou, wann de President vun der Kommissioun direkt kéint gewielt ginn. Jo, dat ass e bësse méi revolutionär, mä et géif op alle Fall déi heiten Diskussioun onnëtz maachen."

E Vott an de Memberstaate wier eng Méiglechkeet, déi een diskutéiere kéint, sot sengersäits de Xavier Bettel. De Premier huet de Spëtzekandidate-System op en Neits a Fro gestallt.

Pressemitteilung CSV

Rückschritt für die Demokratie in Europa

Die Regierungsmehrheit von Blau-Rot-Grün hat sich heute mit ihrem Votum gegen eine entsprechende CSV-Motion vom Prinzip des Spitzenkandidaten für die Wahl des Präsidenten der Europäischen Kommission verabschiedet.
Für die CSV-Fraktion bedeutet dies ein klarer Rückschritt für die Demokratie in Europa sowie eine Rückkehr zu den Zeiten der Bestimmung von europäischen Spitzenämtern in politischen Hinterzimmern.

Nach den jüngsten Aussagen von Außenminister Jean Asselborn in Sachen Spitzenkandidat ist das Mehrheitsvotum darüber hinaus eine Desavouierung seiner Person.

Ein Europa der Bürger sieht anders aus. Rückenwind für die europäische Idee auch.

Pressecommuniqué vum Christophe Hansen (CSV)

E Schlag an d'Gesicht vun der Demokratie!

Haut gouf an Chamber iwwert eng Motioun ofgestëmmt wou d’Regierung opgefuerdert gouf sech fir de Prinzip vum Spëtzekandidat fir d’Nominatioun vum nächste Kommissiounspresident auszeschwätzen.

De Jean-Claude war den éischte Kommissiouns President deen net hannert zouenen Dieren vum Conseil bestëmmt gouf mee deen eng richteg demokratesch Legitimatioun huet. Ee Quantesprong fir d’Demokratie Verständnis an Europa wou de Wieler scho virun de Wahlen wousst wat hien duerno fir seng Stëmm kritt. De Rôle vum Europaparlament gouf esou och ganz kloer opgewäert an dat ass genau dat wat eis Bierger wëllen.

Dëse wichtege Positionnement zu der Stäerkung vun der Demokratie, dem Europaparlament an der Transparenz gouf mat 35 zu 25 Stëmmen an der Chamber ofgelehnt.

Ee Schlag an d’Gesicht vun der Demokratie mat deem DP,LSAP, Gréng an ADR net nëmmen deenen an de Réck falen déi sech fir e staarkt Europaparlament a méi Transparenz asetzen, mee och hiren eegene Léit a Spëtzekandidaten. De Frans Timmermanns gouf kierzlech nach mat Posaunen an Trompetten zu Lëtzebuerg empfaangen, de Jean Asselborn bekennt sech an der däitscher Presse  zu de Spëtzekandidaten an elo dat do.

Mir sinn an enger Zäit vun der Transparenz ukomm an der mat oppenen Kaarte muss gespillt an d’Politik vum Hannerzëmmer der Vergaangenheet muss ugehéieren.

Analyse vum Fanny Kinsch

De System vun de Spëtzekandidaten ass eréischt 5 Joer al, ma e leeft d’Gefor net iwwert dës Europawalen eraus z'iwwerliewen. Ënnert anerem déi Europäesch Liberal kritiséieren de System. Staats- a Regierungscheffen, wéi den Emmanuel Macron an de Xavier Bettel, hu schonn annoncéiert, sech net onbedéngt drun halen ze wëllen. Zu Lëtzebuerg hunn d'ADR an d'Majoritéitsparteien e Mëttwoch den Owend an der Chamber géint eng Motioun vun der CSV gestëmmt, déi vun der Regierung gefuerdert huet, sech am Conseil fir de Spëtzekandidatesystem anzesetzen.

Am Lissaboner Vertrag ass effektiv kee Spëtzekandidatesystem virgesinn. Den europäesche Conseil soll mat qualifizéierter Majoritéit de Kommissiounspresident nennen, deen d'Parlament da muss unhuelen. Dobäi soll d'Resultat vun den Europawale berécksiichtegt ginn. Bis 2014 hunn d'Staats- a Regierungscheffe vun der EU sech e Kommissiounspresident erausgesicht, dat ass kritiséiert ginn, well et net transparent war.

Op Drock vum EU-Parlament huet de Conseil bei de Walen 2014 de Spëtzekandidatesystem iwwerholl an de Jean-Claude Juncker ass als EVP-Spëtzekandidat Kommissiounspresident ginn. De System soll op där enger Säit dem Parlament méi Muecht an op där anerer Säit dem Kommissiounspresident méi Legitimitéit ginn. Et soll en éischte Schratt sinn an d'Richtung méi Demokratie, well d'Wieler méi Afloss op d'Politik vun der EU hunn. Déi Gréng schreiwen an hirem EU-Walprogramm, d'Praxis hätt d'Transparenz an d'Verantwortung vun de Parteie verbessert, och wann een nach méi wäit misst goen.

Den LSAP-Ausseminister Jean Asselborn huet sech ëffentlech fir de System ausgeschwat. Och den Deputéierten a Kandidat fir d'Europawale Marc Angel huet um Radio 100,7 gesot, et misst op alle Fall ee vun de Spëtzekandidate Kommissiounspresident ginn. Et ass also verwonnerlech, datt béid Fraktiounen e Mëttwoch an der Chamber géint eng Motioun gestëmmt hunn, déi gefuerdert huet, datt d'Regierung sech u genee dee System hält. D'DP huet hire Vott net justifiéiert, de Premier huet seng Kritik un de Spëtzekandidaten awer nach eng Kéier an der Chamber elaboréiert.
Allerdéngs net op besonnesch iwwerzeegend Aart a Weis. De Premierminister argumentéiert, datt de System ouni transnational Lëschte kee Sënn géif maachen. Dat heescht, d'Wal fir de Kommissiounspresident misst méi demokratesch ginn. Wann een de Spëtzekandidatesystem elo erëm ofschaaft, bezweckt een awer éischter de Géigendeel, an zwar, datt de Conseil sech erëm de President eraussicht – an domat also nees déi national Regierungen an hir Partikularinteressie gestäerkt ginn. De Premier huet och net wierklech Alternative proposéiert, wéi transnational Lëschten oder eng direkt Wal vum Kommissiounspresident kéinten ausgesinn. Dat erkläre vläicht seng europäesch Allianzen.

Déi liberal ALDE, där och d'DP ugehéiert, huet fir dës Europawalen eng Ekipp vu Kandidate fir d‘Spëtzeposte presentéiert – dorënner de President vun der liberaler Fraktioun am EU-Parlament Guy Verhofstadt an d'EU-Kommissärin fir Konkurrenzfroen Margrethe Vestager. D'ALDE, respektiv d'Fraktioun déi der ALDE nokomme wäert, wäert eng méi wichteg Roll an deem nächste Parlament spillen. D'EVP an d'PSE wäerten, de Prognosen no, net méi genuch Sëtz fir eng grouss Koalitioun-Majoritéit zesummekréien. D'ALDE wëll zesumme mam franséische President Emmanuel Macron senger La République en Marche an e puer anere Parteien eng nei gemeinsam Fraktioun grënnen, deenen hir Stëmme fir eng Majoritéit kéinten noutwenneg ginn. Déi rezente Aussoe vum Xavier Bettel a vum Emmanuel Macron géint d’Spëtzekandidate sollen also och Drock op den EVP-Spëtzekandidat Manfred Weber maachen. Manner wéi zwou Woche virum Waldag ass also nach net gewosst, op de Wieler en Afloss op den nächste Kommissiounspresident huet oder net.