Eise Walprogramm ass e Bekenntnis zu Europa "ohne Wenn und Aber", sou de Parteipresident Franz Fayot um Méindeg de Muere virun der Press.

"D'Campagne huet och gewisen, datt déi grouss Problemer an onsem Land nëmmen op europäeschem Niveau kënne geléist ginn. Zum Beispill hate mer d'lescht Woch eng Debatt an der Chamber iwwer Klimawandel a Plastiksoffall. Alles Problemer, déi nëmmen op europäeschem Niveau kënne geléist ginn.", esou de Franz Fayot.
"Duerch Europa wier villes besser! Ma, elo muss an Europa awer och villes anescht gemaach ginn", sou nach d'LSAP um Méindeg de Mueren.

"An zwar fir d'Leit, a besonnesch zesumme mat de Leit."

Dowéinst wier et wichteg, datt een nees mat de Leit géif schwätzen. Da géif ee mierken datt si sech, entgéint dem Cliché, och fir d'EU interesséieren.

Et ass e fundamentale Choix: Wëll een déi Konservativ stäerken, déi och prett wieren mat Rietspopulisten eng Koalitioun ze maachen? Oder déi Liberal, déi Interessie vun de Wirtschaftsbosse vertrieden? Oder wëll een eng Koalitioun lénks vun der Mëtt mat de Sozialisten an hirem sozial-ekologesche Gesellschaftsmodell?

Europa huet villes bruet, ma et muss och villes anescht ginn am Interessi vun de Leit. D'Sozialiste stéinge fir e bessert Europa. Dat wier keng Floskel.
Dës Wale wieren dann och en éischte Schratt zur Erneierung vun der LSAP, esou de Franz Fayot.

Personell, well ee profitéiert hätt, nei Gesiichter op d'Lëscht ze setzen. Ma, och programmatesch:

"Mir hunn eisen Programm an eng laangfristeg 10-Joer-Perspektiv ageschriwwen. Basis war de rapport équité durable vun den europäesche Sozialisten, wou den Nico Schmit mat dru geschafft huet. An deen e fundamentale Changement zu engem sozial-ekologesche Gesellschaftsmodell opzeechent."

D'Kandidaten Nicolas Schmit, Marc Angel, Joanne Goebbels a Lisa Kersch hunn hir Prioritéite vum LSAP-Europawal-Programm presentéiert.

E Programm, deen "Europa. Kloer. Anescht" iwwerschriwwen ass.