An e puer Deeg gëtt en neit Europaparlament bestëmmt. An deem Kader war um Mëttwoch eng Table-Ronde op RTL Télé Lëtzebuerg.

D'Theme waren Immigratioun, Asylpolitik a Grenzschutz.

Ënner anerem doriwwer hu mir mat Vertrieder vun den 10 Parteien, déi bei den Europawalen hei am Land untrieden, geschwat.

Lëscht 1: DP: Charel Goerens
Lëscht 2: Piraten: Chris Bernard
Lëscht 3: déi Konservativ: Joé Thein
Lëscht 4: KPL: Ali Ruckert
Lëscht 5: déi Lénk: David Wagner
Lëscht 6: Volt Europa: Daniel Silva
Lëscht 7: déi gréng: Tilly Metz
Lëscht 8: LSAP: Lisa Kersch
Lëscht 9: ADR: Gast Gibéryen
Lëscht 10: CSV: Isabel Wiseler-Santos Lima

VIDEO: Journal Spezial
Mëttwochs um 20 Auer ass et de Rendezvous mat der RTL-Redaktioun. Am Interview oder am Face-à-Face gi mer aktuellen Themen ob de Grond an haken no.

Hei déi aner Table Ronden op RTL Télé an RTL Radio Lëtzebuerg

VIDEO: Europawalen - Table ronde: Huet Europa nach eng Zukunft?
Et ass déi eis éischt offiziell Table ronde am Kader vun den Europawalen de 26. Mee. Walen, déi als Schicksalswale bezeechent ginn.
VIDEO: Walen 2018: Table Ronde Radio - Global Player oder Zwerg?
D'Theme sinn ënner anerem d'Roll vun der Europäescher Unioun op der Weltbühn an de Klimaschutz. Déi 10 Parteie si vertrueden.