An eiser Serie kucke mer eis déi verschidde Gebaier vun der Europäescher Unioun un.

De Grand-Public kritt net wierklech mat, wat d'BEI um Kierchbierg esou alles mécht. Si ass déi grouss Onbekannt vun den EU-Gebaier. A grouss ass dobäi e gutt Adjektiv, well d'BEI ass, wat de Finanzvolumen ugeet, carrement e Gigant, méi grouss wéi d'Weltbank. Wat dës Bank genee mécht, erkläert eis d'Maryse Lanners.

VIDEO: BEI
...

Europäesche Geriichtshaff: E Gebai, dat an de leschte Jore massiv gewuess ass

E Geriicht, zoustänneg fir iwwer 500 Millioune Bierger, dat ass den Europäesche Geriichtshaff mat Sëtz um Kierchbierg. Dem europäesche Geriichtshaff seng Aufgab ass ze kucken, datt EU-Recht an alle Memberstaaten op déi selwecht Manéier gëllt.

D'Cour ass am Laf vun de leschte Joerzéngten op spektakulär Aart a Weis gewuess, souwuel wat d'Gebai ugeet wéi och d'Zuel vun de Leit, déi do schaffen.

VIDEO: Europäesche Geriichtshaff
-