Gescheitert ass d'Flüchtlingspolitik duerch déi national Regierungen.

Am Kader vun de Europawahlen e Sonnde gëtt nees vill iwwert d'Thema Migratioun geschwat, och wann et net méi op 1. Platz steet.

Tatsaach ass awer, mat de reegelméissegen Onrouen am Noen Osten an elo zanter kuerzem och a Libyen ass Europa nach ëmmer net op de Fall vun enger neier Flüchtlingskris preparéiert.

Dobäi huet grad d'Europa-Parlament wichteg Weiche gestallt fir de Kontinent op esou Erausfuerderunge virzebereeden.

Gescheitert ass d'Flüchtlingspolitik awer duerch déi national Regierungen.