Vun en Donneschdeg un bis e Sonndeg geet Europa wielen. Wien kënnt an dat Europäescht Parlament? A wéi eng Richtung geet d’EU-Politik an Zukunft?

Doriwwer kënne ronn 400 Millioune wahlberechtegt Europäer aus den 28 Memberstaaten decidéieren – och d’Briten. A grad en vue vum Brexit ginn ëmmer méi kritesch Stëmmen haart, d’politesch Situatioun ass ugespaant. Mee wéi gesäit et an eiser Regioun aus? Wat denken d’Awunner aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich an aus der Belsch iwwer d’EU?

D’Europawahle sti virun der Dier, 751 Sëtz am Parlament waarden op nei Deputéiert. Mee wat haalt Dir dobaussen eigentlech vun der EU? Wéi eng Vir- oder Nodeeler bréngt se mat sech? A wat erwaart Dir Iech vun dëse Walen? Dat alles wollte mir vun Iech wëssen, an hunn eis dofir op de Wee gemaach op Tréier, Arel, Metz a Lëtzebuerg. Europa – yay oder nay?

Déi éischt Statioun op eiser klenger Rees duerch d’Groussregioun ass Arel. D’Stad an der Wallonie zielt ronn 30.000 Awunner. Genee sou wéi zu Lëtzebuerg, ass d’Wielen an der Belsch obligatoresch. 21 Deputéiert sollen an d’Europa-Parlament gewielt ginn. Mee wéi ass hei d’Stëmmung?

Verschiddener hunn de Glawen an d’Politik an an den demokratesche Vott verluer, si mengen net, dass si mat hirer Stëmm eppes ännere kéinten. D’EU géing ze grouss ginn, ass nach eng aner Meenung. Mat wéinegen Ausnamen zeechent sech zu Arel e schwaarzt – oder op mannst däischtert Bild vun der EU. Et spiert een eng gewëss Retizenz an Ongewëssheet.

Zu Tréier an Däitschland héiert dat Ganzt sech schonn anescht un. Oppe Grenzen, eng eenzeg Wärung, de Fridden an dass een am Ausland ka schaffe goen – dat si just puer vun den Argumenter FIR d’Europäesch Unioun déi de Leit hei wichteg sinn.

Däitschland huet bei wäitem déi meescht Mandater fir d’Europa-Parlament ze verdeelen. Vue dass et an Europa dat Land mat de meeschten Awunner ass, huet eise groussen Noper ganzer 96 Sëtz ze gutt. An d’Erwaardunge vun de Bierger sinn héich. E besseren, méi mënschlechen Ëmgang mat Flüchtlinge gëtt ënnert anerem gefuerdert, genee sou wéi dass déi Radikal net ze vill Pouvoir kréien. “Es muss miteinander gesprochen werden, es muss ein Parlament geben, es müssen gemeinsame Beschlüsse gefasst werden. In einer globalen Welt ist es unerlässlich dass wir ein funktionierendes Europa haben”, seet eis ee vun de Befroten.

Just eng Stonn mam Auto trennt Tréier vun Arel, mee d’Meenungen iwwer d’EU kéinten net méi wäit ausernee leien. Hei gesäit ee virun allem d’Virdeeler déi d’Unioun mat sech bréngt.

Mee wourëms geet et iwwerhaapt bei den Europa-Wahlen?

All 5 Joer gëtt een neit Europa-Parlament gewielt. 28 Memberstaaten schécken hir Deputéiert op Bréissel, den Haaptsëtz vun der EU. Déi Deputéiert ginn dobäi direkt vum EU-Bierger gewielt. D‘EU-Parlament spillt an den Entscheedungsprozesser eng wichteg Roll. Se decidéiert iwwer de Budget an ass allgemeng fir d‘Gesetzgebung mat responsabel.

Bei eise franséische Kollegen zu Metz ass ee mat den Decisioune vun der EU awer alles aneres wéi zefridden. Et géing ëmmer vill versprach ginn, mee et geschitt näischt. Europa hätt Frankräich scho laang näischt Guddes méi bruecht, ass hei d’Meenung. Wat ee méi dacks héiert ass dass Frankräich seng Identitéit verluer hätt. Trotzdeem fënnt een et zu Metz wichteg wielen ze goen.

D’Wahlbedeelegung a Frankräich louch 2014, bei de leschten Europawahlen, bei 42%. Also um selwechten Niveau wéi déi europawäit Bedeelegung. Frankräich dierf 74 Deputéiert wiele fir an d’Parlament, a kritt zousätzlech 5 Mandater soubal de Brexit duerch ass.

Als ee vun de klengste Memberstaaten schéckt Lëtzebuerg 6 Deputéiert op Bréissel. Och hei wëlle mir wësse wat d’Leit denken. Genee sou wéi zu Tréier, stinn an eiser Haaptstad d’Virdeeler vun der EU am Virdergrond. Kritiséiert gëtt awer dass dat Soziaalt a Mënschlecht net wichteg genuch wier an der EU, de wirtschaftleche Virdeel géing am Fokus stoen.

Par Rapport zu méi grousse Länner, ass Lëtzebuerg mat senge 6 Deputéierten iwwer-representéiert am Parlament. Dat leit un der sougenannter “degressiver Stëmmverdeelung” déi et och klenge Memberstaaten erméigleche soll mat ze bestëmmen.

Europa: yay oder nay? Eng kloer Äntwert gëtt et net. Wärend sech bei de Belsch a Fransousen éischter Skepsis an Enttäuschung breet maachen, iwwerweit zu Tréier an zu Lëtzebuerg den Optimismus.