De Jean-Claude Juncker hält d’Flüchtlingspolitik vun der däitscher Bundeskanzlerin Angela Merkel aus de leschte Jore fir richteg.

An engem Interview mat der däitscher Bild-Zeitung sot den EU-Komissiounschef, dass d’Geschicht hier wäert Recht ginn, dass Si am Hierscht 2015 richteg gehandelt hätt.

Wieren déi däitsch Grenzen zougemaach ginn, wieren Éisträich an Ungarn ënnert der Laascht vun de ville Refugiéen zesummegebrach.

Op d’Fro hin, op d’Angela Merkel d’EU éischter gefouert oder gespléckt hätt, sot de Jean-Claude Juncker, dass eng eenzel Persoun weder dat eent, nach dat anert kéint maachen. An Europa géif een ëmmer verlässlech Alliéiert brauchen, wann een eppes wéilt erreechen.