Gewielt si Charel Goerens (DP), Christophe Hansen (CSV), Tilly Metz (déi gréng), Monica Semedo (DP), Isabel Wiseler (CSV), Nicolas Schmit (LSAP).

Zënter en Donneschdeg hunn d'Bierger vun der Europäescher Unioun en neit Parlament gewielt: 751 Europadeputéierte-Plaze waren nei ze besetzen. Offiziell Resultater duerften eréischt e Sonndeg den Owend publizéiert ginn, wéi bis an all de Memberlänner gewielt war. EU-wäit ware 427 Millioune Bierger opgeruff, fir wielen ze goen.

D'Lëtzebuerger Resultat gouf um 23 Auer publizéiert.

Virun der rumänescher Ambassade koum et zu enger laanger Schlaang vu Leit, déi hir Stëmm fir déi rumänesch Europa-Kandidaten an och fir e Referendum a Rumänien wollten ofginn.