Et ass nach net definitiv ausgezielt, ma europawäit ass et schwéier fir e kloren Trend ze gesinn, well ganz ënnerschiddlech ofgestëmmt gouf.

Wat kloer ass, ass datt déi traditionell Volleksparteien – d'Chrëschtdemokraten an d'Sozialdemokraten – am Total Plomme loossen. Déi Liberal an déi Gréng profitéieren dovunner, grad ewéi d'Euroskeptiker.

AUDIO: Europäesche Resultater: De Reportage vum Pit Everling

Groussbritannien

A Groussbritannien huet wéi et ausgesäit definitiv d'Brexit-Partei vum Nigel Farage gewonnen. Wéi d'BBC mellt, sollen si op 31,5% vun de Stëmme kommen.

Déi konservativ Tories vum Theresa May kommen op nëmme 7,5% vun de Stëmmen a leien domadder op der 5. Plaz, nach hannert de Liberaldemokraten, der Labour-Partei an deene Gréngen.

Italien

An Italien ass d'Lega vum Matteo Salvini enger Prognos no déi stäerkste Kraaft ginn. D'Partei soll tëscht 27-31% vun de Stëmme kritt hunn. Dat mellt de Sender Rai e Sonndeg den Owend.

Griicheland

Nom Debakel fir déi lénks Syriza-Partei huet de griichesche Regierungschef Alexis Tsipras virgezunnen Neiwalen annoncéiert. Ufank Juni wéilt hien de President gäre froen, fir Neiwalen unzesetzen, esou den Tsipras an enger Ried.

Enger Ëmfro no, soll d'Partei op nëmme 25 Prozent kommen a läit domadder wäit hannert der konservativer Oppositiounspartei Nea Demokratia, déi op 33,5% kommen.

Frankräich

A Frankräich ass d'Walbedeelegung am Verglach zu 2014 geklommen a kéint souguer 50% iwwerschreiden.

Belsche Medien no profitéiert awer virun allem de Rassemblement national, deen éischten Héichrechnungen op tëscht 23-24,2% komme kéint.

Domadder géif een La République en Marche vum Emmanuel Macron hannert sech loossen, déi nëmmen op tëscht 21,9-22,5% kommen.

© DENIS CHARLET / AFP

Däitschland

D'Parteie vun der Groko goufen an Däitschland vun de Wieler bestrooft an erreechen deels historesch schlecht Scoren an der Prognos vun der ARD. D'CDU/CSU kommen op 28%, d'SPD kënnt op nëmme 15,5% a fält domadder souguer hannert déi Gréng.

Déi kommen op ganzer 23% a kréien domadder dat beschte Resultat, dat jeemools an Däitschland fir d'Partei erreecht gouf. D'AfD kënnt op 10,5%, FDP an die Linke all Kéiers 5,5%.

© Odd ANDERSEN / AFP

Éisträich

D'Partei vum éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz wäert mat 34,5% vun de Stëmme kloer bei den Europawalen an Éisträich gewannen. Dat mellen déi national Medie-Prognosen.

Domadder géifen si däitlech virun der SPÖ landen, déi op 24% kommen, déi rietspopulistesch FPÖ kënnt op 17,5%. Domadder verléiert d'FPÖ gutt 2% am Verglach zu de leschten Europawalen.

Ënnert anerem den Ibiza-Skandal ass heivir eng Erklärung.

© ALEX HALADA / AFP