Ee vun de groussen Enjeuen vun dëse Walen ass jo d'Nofolleg vum Jean-Claude Juncker um Posten vum EU-Kommissiouns-President.

De Lëtzebuerger war jo och den éischten, dee viru 5 Joer nom Modus vun den EU-wäite Spëtzekandidaten um Enn op dësen héije Poste komm ass.

Den 31. Oktober geet d'Mandat vum Jean-Claude Juncker op en Enn. De Jeannot Ries huet de Kommissiounspresident e Sonndeg an de Wal-Büro op d'Cap begleet.