An all den EU-Membersstaate ginn d’Resultater vun den Europawalen analyséiert. De Bill Wirtz huet sech déi vun de Visegrád 4 Länner ugekuckt.

AUDIO: Walen a Visegrád-Staaten: Reportage vum Bill Wirtz

De Visegrád Grupp besteet aus 4 Länner: Ungarn, Polen, Tschechien, an d’Slowakei. Si sinn déi direkt Nopere vun Däitschland an Éisträich, a waren Deel vun der Osterweiderung vun der EU am Joer 2004. Zu Bréissel si si dacks d’Problemkanner vun der Europäescher Kommissioun, an dat war och bei den Europawalen net anescht.

An Ungarn huet d’Fidesz Partei vum Premierminister Viktor Orban déi meeschte Stëmme geholl. D’Europäesch Unioun ass ee grousse Sujet fir d’Regierung zu Budapest, déi sech zënter der Flüchtlingskris reegelméisseg mat der Kommissioun Juncker reift. Wann de Viktor Orban sech dozou decidéiert net méi an der Europäescher Vollekspartei ze bleiwen, da kéint d’Positioun vun der EVP als déi stäerkste Partei un d’wackele kommen.

A Polen fillt sech d’Regierungspartei PiS ënnert dem Parteichef Jarosław Kaczyński vum Resultat confirméiert. Obwuel Warschau mat der Kommissioun op Konfrontatiounskurs ass, stäerken d’polnesch Wieler d’Regierungspartei mat weidere 4 Sëtz. D’Partei vum fréiere Premierminister a momentane EU-Conseilspresident Donald Tusk muss 5 Sëtz abéissen.

An Tschechien kënnen d’Zentristen ënner dem Premierminister Andrej Babiš och bäileeën, obwuel de Regierungschef weiderhi mat Korruptiounsvirwërf confrontéiert ass. Dem Babiš gëtt virgeworf EU-Gelder an Héicht vun zwou Millioun Euro fir seng eegen Interessen mëssbraucht ze hunn.

An der Slowakei goufen am meeschte Parteie gestäerkt déi d’EU ënnerstëtzen, an d’Regierungsparteie goufen ofgestrooft. Allerdéngs weist sech och de Rietsextremismus am Land: déi neo-faschistech Partei Kotleba kritt zwee Sëtz am Europaparlament zu Bréissel.