Donieft schwätzt de Lëtzebuerger Premier sech awer och aus, datt d'Leit an der ganzer EU sollen direkt decidéiere kënnen, wien dëse Poste kritt.

AUDIO: Sommet zu Bréissel: Reportage Claudia Kollwelter

Si wieren déi grouss Gewënner vun den Europawalen an dofir hätt een och e legitimmen Usproch, fir de Kommissiounspresident ze stellen, huet de Xavier Bettel betount:

Déi lescht 5 Joer sinn déi Liberal einfach erausgekickt ginn. Ech mengen mat deem Walresultat wier et awer wichteg, och deene Liberalen eng Verantwortung ze ginn. A fir mech wier d'Madamme Vestager eng gutt Kandidatin fir déi Presidence ze kréien.

De Moment géif hien alles maachen, fir datt d'Margarethe Vestager fir d'Successioun vum Jean-Claude Juncker seriö consideréiert gëtt:

Ech kennen si gutt. Si ass eng Kommissärin, déi bewisen huet, datt si d'Wëssen huet, d'Kënnen huet. Den CV schwätzt fir sech. An si wier op alle Fall eng staark Presidentin fir d'europäesch Kommissioun. Dat ass meng Meenung, mä fir ze soen, datt ech et eleng elo decidéieren oder eleng ka maachen, dat wier e bëssen agebilt vu menger Säit.

De Xavier Bettel bleift donieft bei der Meenung, datt een a 5 Joer de Wieler matbestëmme léist iwwert den zukünftege Kommissiounspresident. Hie wier net géint de System vun de Spëtzekandidaturen, mä net fir deen aktuellen:

Ech hunn d'Margarethe Vestager, ech hunn den Här Weber, den Här Timmermans op de Bulletinen zu Lëtzebuerg vermësst. Wa mer dat eng Kéier wëlle maachen, da solle mer a 5 Joer seriö oder transnational Lëschten hunn oder op d'mannst eng Lëscht hu mat de Spëtzekandidaten, wou dann eben eng 400 Millioune Bierger kënnen matbestëmmen, wien et gëtt. Déi Persoun, déi déi meeschte Stëmme kritt, soll dann an den Ae vum Xavier Bettel kucken, eng Majoritéit am Europaparlament ze kréien.

Et wier wichteg, sech elo mol Prioritéiten ze ginn, fir déi nächst 5 Joer an dann e Profil ze fannen, deen dorobber passt, sot de Lëtzebuerger Premier nach. En Dënschdeg den Owend sëtzen d'Staats- a Regierungscheffen hei zu Bréissel zesummen, fir iwwert de Poste vum EU-Kommissiounspresident an awer och aner Spëtzeposten ze diskutéieren, an dat dierft net evident ginn.

"Neen zum Faschismus", neen zum "Rassismus"

Zu Bréissel sinn en Dënschdeg e puer Dausend Leit op d'Strooss gaang, fir géint d'Rietsextremer an Nationalisten ze manifestéieren, déi elo bei den Europawalen u Stëmme konnten dobäi gewannen. Wéi déi Bréisseler Police erkläert, hätte sech ronn 4.000 Demonstranten an der belscher Haaptstad versammelt. Tëschefäll hätt et keng ginn. Och eng Partie Syndikater an Associatiounen, zum Beispill fir d'Rechter vun den Homosexuellen, hate sech dem Cortège ugeschloss.