De Finanzminister Giovanni Tria huet an engem Schreiwes e Freideg agesinn, datt et noutwenneg wier, den Defizit ze reduzéieren.

Konkret Mesuren huet hien net annoncéiert, ma just geschriwwen, datt fir de Budget 2020 déi lafend Ausgabe géifen iwwerpréift ginn.

D'EU-Kommissioun hat e Mëttwoch an engem Bréif Erklärunge gefuerdert, firwat Roum net genuch Progrès bei der Budgets-Sanéierung géif maachen.

Duerch dëse Bréif preparéiert Bréissel e méiglecht EU-Defizitverfare géint Italien.