No méintelaange Protester trëtt um Donneschdeg déi nei EU-Direktiv iwwert d'Droit d'Auteuren a Kraaft.

D'EU-Länner hunn elo zwee Joer Zäit, fir se an nationaalt Recht ëmzesetzen.

Virun deem decisive Vott vum Europaparlament an den EU-Staate waren am Fréijoer, zéngdausende, virun allem jonk Leit op d'Stroosse gaangen, fir géint des Direktiv ze protestéieren.

D'Copyright-Reform soll déi vereelzte Virschrëften dem digitalen Zäitalter upassen.