De fréiere Chef vun der éisträichescher FPÖ a Vizekanzler Hans-Christian Strache hëlt säi Mandat am Europaparlament net un.

Ee Retour an déi aktiv Politik géif hien eréischt envisagéieren, wann d'Hannergrënn vum Ibiza-Video definitiv gekläert sinn.

Dat huet de Strache um Méindeg via Communiqué bekannt ginn. Et wier eng perséinlech Decisioun a kee politesche Calcul oder een Deal.