Accord tëscht Lëtzebuerg a Groussbritannien ënnerschriwwen
Och no engem Brexit ouni Deal kënne Lëtzebuerger u lokale Walen a Groussbritannien deelhuelen.
Och no engem Brexit ouni Deal solle Lëtzebuerger u lokale Walen a Groussbritannien kënnen deelhuelen.
Dat huet de Staatsministère um Méindeg matgedeelt.
Ënnerschriwwe gouf den Accord um Dënschdeg vum Premier Xavier Bettel an dem britesche Staatssekretär fir de Brexit, dem Steve Barclay.
Et wier e wichtege Schrëtt, fir d’Rechter vun de Lëtzebuerger ze protegéieren, sou de Staatsministère.

©
Luc Rollmann

©
Luc Rollmann

©
Luc Rollmann





Dat selwecht gëllt iwwregens och fir d’Briten, déi zu Lëtzebuerg liewen. Och si wäerte weiderhi bei de Gemengewahle kenne wiele goen a sech opsetzen.
Am meeschte gelies