D'Spëtzeposten an den europäeschen Institutiounen an de Programm fir déi nächst 5 Joer. Op béide Punkte gesäit et net no engem definitiven Accord aus.

AUDIO: EU-Sommet (Dag 1) / Reportage François Aulner

Eng vun de Prioritéiten an der strategescher Agenda fir déi nächst 5 Joer: de Klima. Bis 2050 soll Europa Klimaneutral sinn, also eng komplett Kompenséierung vun den C02-Emissiounen. Et wier een um gudde Wee, sou de franséische President Emmanuel Macron bei senger Arrivée zu Bréissel: „8 Länner hate sech ugeschloss, elo sinn et eng 15 Länner, déi an der Koalitioun sinn.“ De Konsens fir ambitiéis Ziler géing „wuessen“. Ambitiéis misst ee si bei der Fro vum Präis vum CO2, d’Taxen op de Grenzen an all déi aner Initiativen am Beräich vun der grénger Finanz, sou nach de franséische President.

© 2019 SIP / Thierry Monasse, tous droits réservés

De Lëtzebuerger Premier, dee sot Lëtzebuerg wier a Saache Klima e Spëtzereider. Sief et beim Bau an der Landwirtschaft oder beim Tanktourismus, wou ee jo lues géing erausgoen. Och bei den erneierbaren Energië géing een elo iwwert een neie Klimaplang diskutéieren. E Mëttwoch hat de Xavier Bettel an aner Regierungsmemberen Jugendlecher gesinn, déi eng Rei Punkten entwéckelt hunn. Punkten un deene 500 jonk Leit matgemaach hätten. „An ech sinn houfreg driwwer. An ech wäert dat och dobanne soen“, sou nach de Premier.

En Donneschdeg den Owend koum dunn awer d'Nouvelle, dass d'EU-Staate sech net op e Klimazil bis 2050 gëeenegt kritt hätten. Den Datum fir den Ëmbau zur klimaneutraler Wirtschaft ass no stonnelaange Verhandlungen aus der Erklärung vum Sommet gestrach ginn.

Problemer bei den Diskussiounen

D’Agenda, dat wier awer och d'Educatioun, d‘Kompetitivitéit a Soziales an alles dat hänkt dovunner of wéi vill Budget ee sech dofir géing ginn. Hei géing et awer nach Problemer ginn, sou de Xavier Bettel. Eng Rei Länner hätte Schwieregkeeten domadder, datt d’Subside fir d’Landwirtschaft un nei Konditioune gebonne solle ginn an et ënnert dem Stréch, deemno wéi, manner Sue kéint ginn. Donieft ass et d’Iddi, fir d’europäesch Fördergelder vum Respekt vu rechtsstaatleche Prinzipien ofhängeg ze maachen.

Enk gebonnen un der Agenda ass och d’Fro: wien dirigéiert d’EU déi nächst 5 Joer? Hei ass kaum mat engem Accord en Donneschdeg ze rechnen, well do koum d’Nouvelle, datt et am EU-Parlament fir kee vun de Kandidaten eng Majoritéit gëtt. Net dramatesch well et sinn nach puer Deeg Zäit bis d’EU-Parlament den 2. Juli zesummekënnt, sou d’Bundeskanzlerin Angela Merkel.

Wee gëtt Nofolger vum Jean-Claude Juncker?

D'EU Staats- a Regierungscheffen, dorënner de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel, beschäftege sech mat der Fro ëm den Nofolger fir den EU-Kommissiounschef. Awer och aner Spëtzeposte mussen no den Europawalen besat ginn.

Den EU-Conseilspresident Donald Tusk hofft, dass schonn dësen Donneschdeg een Accord zustane kënnt. Potenziell Successeure fir de Jean-Claude Juncker sinn op Säite vun der EVP de Manfred Weber an op Säite vun de Sozialdemokraten de Frans Timmermans. Déi Liberal fuerderen, dass hir Kandidatin, d'Margrehte Vestager nei EU-Kommissiounscheffin gëtt.

D'Europäesch Vollekspartei war bei den Europawale stäerkste Kraaft ginn, déi domat och den zukünftege Chef un der Spëtzt vun der Kommissioun wëlle stellen. Widderstand kënnt allerdéngs vum franséische President Emmanuel Macron souwéi anere Staats- a Regierungscheffen.

Zu Bréissel gëtt dann och net ausgeschloss, dass eréischt Uganks Juli eng Decisioun geholl gëtt, wann d'Europaparlament fir seng éischt Sëtzung beienee kënnt.

De fréieren däitschen Ausseminister an SPD-Chef Sigmar Gabriel huet sech fir d'Kanzlerin Angela Merkel als nei Presidentin vun der EU-Kommissioun ausgeschwat. D'Bundeskanzlerin war den Ament nieft dem franséische President Emmanuel Macron an dem Sozialdemokrat Frans Timmermans déi eenzel Perséinlechket, déi d'Gewiicht vun Europa an der Welt kennt a bereet wier, et géint déi hefteg Widderstänn ze verdeedegen. Dat schreift de Gabriel an engem Gaaschtbeitrag fir d'Handelsblatt. D'Angela Merkel huet bis dato ëmmer ee Wiessel op Bréissel ausgeschloss.

Um Sommet kann ee Kandidat nominéiert ginn. Allerdéngs ass eng Majoritéit am Parlament néideg. Nei ze besetze sinn och de Poste vum Conseilspresident, dem Aussebeoptraagten, dem President vum Europaparlament an der Europäescher Zentralbank.

Ee weidere Sujet um Sommet ass déi "Strategesch Agenda" vun der Europäescher Unioun fir déi nächst 5 Joer. Donieft diskutéieren, d'EU Staats- a Regierungscheffen driwwer ob sech d'EU am Kampf géint de Klimawandel elo scho soll op eng CO2-Neutralitéit am Joer 2050 festleeën.