Am Sträit ëm d'Successioun vum Kommissiounschef huet sech den EU-Kommissär Günther Oettinger elo hannert den EVP-Spëtzekandidat Manfred Weber gestallt.

Hie géif fir eng roueg, sachlech, intelligent a konstruktiv Politik stoen, sou den Oettinger an engem Interview mat der Augsburger Allgemeinen. De Manfred Weber géif sech doduerch auszeechnen, dass hie kéint nolauschteren, integréieren a féiere kéint.

Dem EVP-Politiker seng Ambitiounen op de Poste vum EU-Kommissiounspresident kruten um EU-Sommet d'lescht Woch een heftege Réckschlag. D'EU Staats- a Regierungscheffe konnte sech op net op en Nofolger fir de Jean-Claude Juncker eenegen. Besonnesch de franséische President Macron huet sech géint de Manfred Weber ausgeschwat. Den CSU Politiker huet quasi keng Chance méi fir nach op de Poste vum Kommissiounschef ze kommen.