De Manfred Weber, EVP-Spëtzekandidat bei der Europawal, soll Infoe vun der „Welt am Sonntag“ no net President vun der Europäescher Kommissioun ginn.

Dorops hätte sech beim G20-Sommet am japaneschen Osaka d'Regierungscheffen ënnert der Leedung vum EU-Rotspresident Donald Tusk gëeenegt.

Aus EVP Kreesser heescht et bis ewell, dass den offizielle Beschloss eréicht e Sonnden am Gremium vun der Vollekspartei fält.

Als nei, méiglech EVP-Kandidate ginn ënner anerem de Brexit-Chefnegociateur Michel Barnier an d'Presidentin vun der Weltbank, Kristalina Georgieva gehandelt. D'Decisioun soll, wéi gesot, e Sonnde falen.